Repair Café @ EwB – Luxembourg Ville
Repair-Café, Gemeinwohlekonomie an d’E-Vollkabinenfahrrad 🚲🌱
Den 16.6. mécht de Michel Heftrich, ee vun deenen éischten, dee sech mam Theema Repair Café zu Lëtzebuerg beschäftegt huet, op senger Reess mam E-Vollkabinenfahrrad halt an der EwB. Hie leet op sengem Trajet 5500 km zeréck (vu Wien aus) a besicht eng ganz Reih Repair Cafés. An der EwB wäert hien säin E-Vollkabinenfahrrad virstellen souwéi och eng Retrospektiv vu sengen Erfarungen am Upcycling, Gemeinwohlekonomie an Repair-Café virstellen.
Hien huet elo am Burgenland (Eisterräich) de Repair-Café lancéiert an en neien Projet gestart.
Dësen Nomëtte fënnt dann och ee Repair-Café an der EwB statt (Start: 16h00). Bréngt Är futtis Saache mat, oder kommt als Reparateur, mir géifen eis freeën! 🛠
Mam Michel Heftrich a Marcel Barros
Dir wëllt bis laanscht kommen? Da mellt iech w.e.g. un: info@ewb.lu 🤗
Méi iwwert dem Michel seng Rees: https://repairs-for-future.eu/das-vollkabinenfahrrad/
…Fir méi Informtatiounen, besicht gären eise Site: https://ewb.lu/event/repair-cafe-retrospektiv/